2019 Budget City Shopping–Outlet?

Budgetsdebatt 2019
Fraktion Déi Gréng - Commentaires
5. City Shopping – Outlet?
Ech hunn et grad gesot, mir hunn säit dem leschten ordinären Budget, deen duerch d’Gemenge Finanzreform e bëssen Spillraum. D’lescht Joer ass un dësem Dësch souguer gesot gi et wär „la vie en rose“. An dann soll een jo och eppes mat deenen Suen fir seng Gemeng maachen! Kloer! Awer sollten mer do net vun der Megalomanie vun deenen Groussprojekten erëm fort kommen an Zukunftspläng hunn déi der gréisst an dem Wellen vun Iechternach ugepasst sinn?
Bis haut hu mer 431.000€ fir en IMMELMANN-KONZEPT ( wei den gudden Mann et déi leschten Kéier stolz genannt huet) ausginn. Dat sinn vill Suen fir eppes wou mer net sécher sinn op et eppes gëtt, gouf vun der DP bemierkt. Mir soen et sinn vill Suen fir eppes wou mir Gréng soen dass mir et net wëllen.
Eis lokal Geschäftsleit sinn net grad mat agebonnen ginn, obwuel déi de Marché hei zu Iechternach am beschten kënnen.
Mee wëlle mir wierklech dass Iechternach sou eng iwwer dimensional Akafsstad gëtt?
Welle net léiwer als Kulturell interessant Touristestad an als regional Akaafsstad eis weider profiléieren?
Welle mer op engem stierwenden Gaul, déi neoliberal Konsum-schinn weider reiden?
Welle mer all déi Jonk an manner Jonk déi op d’Stooss ginn ignoréieren, déi eis Wegwerfgesellschaft guer net méi wëllen. Dier musst iech mol bedenken dass weltwäit iwwer 30% vun den net verkraaften Kleeder mussen verbrannt ginn.
Déi 340.000 € déi mir virgesinn hunn fir en GROUPEMENT D’INTERRÊT ECONOMIQUE an fir d’Acquisitioun vun groussen Marken, géifen mir léiwer regionalen Iechternacher Geschäftsleit zoukommen loossen duerch Loyer-behëllefen, Start-Ups oder ënnerstëtzen vun modernen alternativen Ideen an Geschäfter.
